« Das beste Pferd braucht eine Peitsche, der klügste Mensch einen Rat »
Scholem Alejchem
Léif Sportler,
Als Athlet wees een spéitstens elo dass et och um sportlechen Plang eng Erausfuederung gët fir motivéiert um Training drunzebléiwen.
Et as wichteg dass den Fokus nët verluer geet an och d’ Moral nët komplett am Keller as, wann et nees lass geet.
Notzt dës Zaït fir ebëssen méi un aeren Schwächten ze schaffen oder och mol Traininger ze maachen déi soss aus zaïtlechen Grënn nët kënnen um Programm stoen.
Genéist d’Bewegung, hutt Freed drun, dann knabbert déi aktuell Situatioun vill manner un aerer mentaler Energie.
Eng gesond Hygiène spillt nach wie vor beim Sportler eng wichteg Roll, denkt drun ierch gesond an richteg ze ernähren.
Gaeren sin ech fir Ierch do fir méi détailléiert Hëllef, Trainingsmotivatioun oder fir ierch ganz einfach epuer Übungen duurchzegin.
Dir kennt mech iwer Email
kontakteieren.
Don’t stop moving !! 😅😎
Isabelle